“Housse tablette conférencier” mat verschiddene Kompartimenter fir Visittekaarten, Stëfter, Notizbléck an 2 Täschen fir Dokumenter. Tirette fir zou ze maachen. Dimensioun : Format A4. Matière: Filz. roduzéiert vu Firma mat bal null CO2 Emissiounen. Produktioun op Ufro (sales@luxembourgcollection.lu) Produzéiert an der EU
Dëse Fëscherhutt gouf am Atelier fir berufflech Inclusioun DONO aus Walsäck gemaach, déi am Kader vun de läscht Wale benotzt goufen. Esou erméiglecht de Kooperatiounsatelier Coopérations zu Wolz de Walsäck en zweet Liewen als trendy an nohalteg Accessoiren. Eng sozial an ökologesch Approche, déi den Upcycling an d’Kreeslafwirtschaft encouragéiert. Produzéiert
Dës rout – wäiss – blo Péckvillchen Miniaturen goufen am Glasbléiseratelier vum Pascale Seil kreéiert. De Péckvillchen ass en typesch lëtzebuergesche Produit, deen zum beléifte Sammlerstéck ginn ass. Et ass am Fong eng kleng Päif a Form vun engem Vull aus Terracotta, eng Traditioun déi op dat 14. Joerhonnert zeréckgeet.